En Dram …, eng Perspektiv …, eng Famill … an de richtege Moment, esou ass et zu „DEBIOBUTTEK” komm.
Mir sinn d’Mona an d’Milly Lauterbour an zesumme mat
eisen Elteren hu mir „DEBIOBUTTEK” S.à r.l gegrënnt. Eis
ass et wichteg, e kléngen Deel zou der Gesondheet an
dem Wuelbefannen vu Mënsch an Ëmwelt bäizedroen, an
dat an der Stad Déifferdeng.
Hei maache mir „DEBIOBUTTEK” op, esou wéi mir eis en
och als Client ëmmer gewënscht hunn, mat frësche Liewensmëttel
vu beschter Qualitéit, mat kompetenter Berodung an
enger familiärer, entspaanter Atmosphär.
„DEBIOBUTTEK” ass an zwee Schrëtt entstaanen:
Pop Up Store vum 2.10.2017 bis Juli 2018 an der Cafeteria vu Flower Werding
An der Zäit goufen um Site vu Flower Werding déi al Gemaier ëmgebaut a renovéiert.
Am September 2018 huet dann hei „DEBIOBUTTEK” séng nei Dieren opgemaach an offréiert Iech e komplett Sortiment vu Liewensmëttel an aner Produkter a Bio Qualitéit.
An der Buttek Area
All Dag frëscht Biobrout a Gebäck
Uebst, Geméis a Mëllechprodukter
Naturkosmetik an dekorativ Biokosmetik
Téi a Kraider, Müsli an Deegwueren
a nach villes méi
An der Kaffi & Téi Area
An eisem Bistro Eck kritt Dir Gedrénks an e gudde Maufel fir moies, mëttes, nomëttes an tëschenduerch.
Samschdes vun 9:00-12:00 bidde mir Iech verschidde Varianten vu Moiesiessen.
Fir déi Kleng hu mir och e Spilleck.
Adress
120, Avenue Charlotte, L–4531 Differdange
Kontakt
T 24 55 86 48 |
M hello@debiobuttek.lu
Ëffnungszäiten
vu Méindes bis Freides 9:00 bis 18:30
Samschdes vun 8:30 bis 16:30
Heures d‘ouverture
du lundi à vendredi de 9:00 à 18:30
samedi de 8:30 à 16:30
LU-BIO-04